Requests for changing the lock rank of a road (unlock).
If you get a message that you don't have permission to edit a certain road, because it's locked at a higher rank, insert your request to here.

Requests to change the map.
If you encounter an incorrect situation on the map, you can post it in this subforum.


Post Reply
Forum rules
Welcome to the Luxembourg Community forum!

Ask us any question here. Or if you want to chat with us, join the Waze BeLux Slack:

https://storage.googleapis.com/wazeopedia-files/b/be/Slack-invitation-banner.png
(click the image to join the Slack)

Verkierzung vu Segment um Wandhaff (CR110)

Post by JensSkywalker
Gudde Moie,

et mëcht mech scho säit Joëre verréckt, dass um Wandhaff ob enger Plaz de Speed Limit ze spéit vum Waze emgestallt gët. Ech hu mir dat elo op der Kaart ugekuckt, an do ass einfach ee Segment ze laang, do misst einfach eng Node e besse geréckelt ginn, da wier et scho richteg.

Leider kann ech dat op der Map net selwer editéieren, an ech hunn och net erausfonnt wéi ee kann e méi héich-klasséierten Map Editor ginn (dat géing mech u sech schon interesséieren, ech sëtzen de ganzen Dag um PC).

Hei dann d'Détailer:

Strooss:
CR110 - Rue de Koerich, Windhof

Permalink:
https://www.waze.com/editor/?env=row&lo ... =258386689

Changement:
Kuckt a méngem Screenshot, dat Segment hei misst schon um Uertsausgang (Uertsagang) ophalen, mee et zitt sech nach bis op d'Landstrooss eran. Op méngem Screenshot hunn ech et kloer markéiert.

Villmols Merci a mat bäschte Gréiss,
Jens.
JensSkywalker
Posts: 2

POSTER_ID:17575519

1

Send a message
Attachments

Post by JensSkywalker
Ok super,

villmols Merci fir déi schnell an ausféierlech Äntwert. Ech mengen ech joinen Äert Slack-Team an dene nächsten Deeg emol a kucke mer dat un. Ob ech elo "vill" Edits ka maachen bleiwt ze gesinn, well ech jo ëmmer just kann eppes verbessere wa mer eppes opfällt op der Strooss (oder mëss de och am L1 schon Ännerungen, déi aner Leit eraschécken?).

Mäi Virdeel ass halt just, dass ech relativ schnell ka reagéieren wann eppes urgentes ass. Sëtzen de ganzen Dag um PC, a sinn an där Matière halt och net op de Kapp gefall ;)

Ech kucke mer d'Saach op jiddfer Fall emol un! :)

Cheers,
Jens.
JensSkywalker
Posts: 2
Send a message

Post by Pierletz74
Moien,

also mir wären frou wann weider Editeuren sech géingen bedeelegen, hei ass direkt emol eng Invitatioun fir eisen Team op Slack:

http://wazebelgium.be/join-slack/

Mat den Levels hängt et vum Engagement of: Wann d' L5 an L6 gesin daat regelméisseg geschafft gett, geet den Level schnell erop. Ansonten L2 ab 3000 Edits etc.

Ab Level 3 kann een Strossenspären androen.

Op Slack gin et och Instruktiounen vun den erfahrenen Leit fir all Problem

Ech hun daat elo verbessert, en Update dauert +- 3 Deeg

bG,
Pierletz74 aka Pierre
Pierletz74
Posts: 47
Has thanked: 6 times
Been thanked: 7 times
Send a message

Post by Pierletz74
Et kann een Ännerungen am Beraich machen wou een mat Waze fiert. An deem Beraich kann alles wat am L1 ass editéiert gin.

Hei emol e puer Links:

https://wazeopedia.waze.com/wiki/Benelu ... can_you_do
https://wazeopedia.waze.com/wiki/Benelu ... rs_Summary
https://wazeopedia.waze.com/wiki/Benelu ... ity_Levels

bG,
Pierletz74
Pierletz74
Posts: 47
Has thanked: 6 times
Been thanked: 7 times
Send a message